img +352 49 05 55
img ongsahel@pt.lu
img 29, bd. Dr. Charles Marx | L-2130 Luxembourg
Presse

mercredi 21 août 2013

Lily et Gerr Schroeder-Lambert ont soutenu CPS lors de leurs noces de diamant

D’Lily an de Gerr Schroeder-Lambert vu Käl hu frou d’Diamantenhochzäit den 20. Juli 2013 gefeiert mat hire 7 Kanner, hirer Fra resp. hirem Mann, an deenen hiren 12 Kanner, eise Kandskanner mat Frënd oder Frëndin.

Fir d’Geschenk vun e sëlleche frouen a gléckleche Stonnen, ma och fir d’Gnod an de Bäistand „ vun uewen“ an enger Rei battere Momenter am Laf vun deene 60 Joer, hu mer äiser Herrgott deen Dag an der Käler Kierch extra MERCI gesot an enger Mass, déi den Abbé Fons Lichter, assistéiert vum Abbé Ferdy Fischer, gehalen huet.

An enger Annonce am ´Wort´ hate mer eng Woch virdru geschriwwen, mer géifen op all Cadeau verzichten. Ween äis awer seng Sympathie wéilt beweisen, kéint dat mat engem Don man fir d‘Entwécklungswierk „Fondatioun Chrëschte mam Sahel“, an d’Liewe geruff 1984 vum Abbé Ferdy Fischer, e fréiere Käler Scout.

Bis den 12. August 2013 si 7.757,25€ iwwerwise ginn. Op jidder Fall si mer frou datt eisen Opruff sou e schéinen Echo fonnt huet, a soen allen Donateuren aus dem Famillje-, Frëndes- a Bekanntekrees vu ganzem Häerz Merci.

Lily a Gerr

Share This :